Ventil opgedréitAlkoholiséiert Männer iwwerschwemmen zwee Dierfer

Am Vietnam hat eng lëschteg Nuecht e schlëmmt Enn.

Fatal "Hiewelwierkung": Well se eng stiichte wollten, hunn e puer Männer Waasser aus engem Staudamm ofgelooss a fir eng Iwwerschwemmung gesuergt. (Eng aktuell Foto hu mer leider net, hei eng Archivopnam vun enger Iwwerschwemmung.)© RTL-Archiv

Si hate keng gutt an der Kopp. Am Vietnam hunn e puer alkoholiséiert Männer de leschte Mëttwoch zwee ganzer Dierfer ënner Waasser gesat.

Si hunn et fäerdeg bruecht, no enger duerchzechter Nuecht an de Kontrollraum vun engem Staudamm anzebriechen an hunn do e bëssen um Mëschpult gespillt.

D’Männer hunn ee Ventil opgemaach, wouduerch de Staudamm opgaangen ass a ganzer 2 Millioune Kubikmeter Waasser fräigesat gi sinn.

Zwee Dierfer am Südoste vum Land sinn iwwerschwemmt ginn.