Rheinland-PfalzSchwéieren Accident am Agang vu Föhren (D)

An der Nuecht op e Sonnden hat eng 20 Joer al Autombilistin e schwéieren Accident am Agang vu Föhren, kuerz hanner Tréier.

Wéi d'Police matdeelt, ass d'Fra an enger Rietskéier vun de Strooss ofkomm an an d'Leitplanke gerannt. Duerch den heftegen Opprall ass si mat hirem Won no lénks geschleidert ginn, wou si an eng Fassad vun engem Haus geknuppt ass, huet eng Dreckskëscht aus dem Virgaart matgerappt a koum schlussendlech widder dem Trottoir un d'Stoen.

D'Fra ass mat schwéiere Blessuren aus hirem Auto gebuerge ginn a gouf an d'Spidol transportéiert.

Eréischt virun 3 Woche war et op dëser Plaz zu engem Accident komm. Den Awunner no wär et e grousse Problem, datt vill Automobiliste sech net géifen un d'Vitesselimitatiounen halen.