"World Happiness Report 2017"Norwegen ass dat glécklechst Land op der Welt

Dat skandinavescht Land huet d'Spëtzeplaz am Welt-Gléck-Rapport iwwerholl, deen e Méindeg fir d'5. Kéier erauskomm ass. Lëtzebuerg ass op 18. Plaz.

© AFP (Archiv)

Norwegen léist domadder Dänemark of, wou bis ewell dräi mol dat glécklechst Land op der Welt war. D'lescht Joer nach louch Norwegen op der véierter Plaz.

Am Joer 2015 war d'Schwäiz dat glécklechst Land op der Welt. Ënnert den Top Five sinn dëst d'Joer nieft Norwegen, och Dänemark, Island a Finnland.

Hannendru kommen Holland, Kanada, Neiséiland, Australien a Schweden.

Lëtzebuerg kënnt am Ranking vun de glécklechste Länner op der Welt op déi 18. Plaz.

Eis Nopeschlänner Däitschland an d’Belsch leie virun eis. Eis Däitsch Noper kommen op déi 16. Plaz an d’Belsch sinn déi 17.

Frankräich kënnt ee gutt Stéck hanner Lëtzebuerg op déi 31. Positioun vun de glécklechste Länner weltwäit.

Hannen um Wupp vun der Tabell leie Länner wéi d’Ukrain, Afghanistan, Haiti a Syrien. Op déi 155. a lescht Plaz kënnt déi Zentralafrikanesch Republik.

© AFP (Archiv)


PDF: De Rapport am Detail.

Ranking of Happiness 2014-2016 (top 20)

1. Norway
2. Denmark
3. Iceland
4. Switzerland
5. Finland
6. Netherlands
7. Canada
8. New Zealand
9. Australia
10. Sweden
11. Israel
12. Costa Rica
13. Austria
14. United States
15. Ireland
16. Germany
17. Belgium
18. Luxembourg
19. United Kingdom
20. Chile

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.