Zivilgeriicht gouf evakuéiertOp en Neits gouf et e gréissere Bommenalarm zu Paräis

E Méinden de Moie gouf et e Bommenalarm an der Rue des Italiens zu Paräis.

Zu Paräis ass e Méindeg de Moien de Finanzdepartement vum héchsten Zivilgeriicht no enger anonymer Bommendrohung, déi iwwer Telefon gemaach ginn ass, evakuéiert ginn.

"Em 10.12 Auer ass en Uruff bei der Police eragaangen, déi op eng Bomm am Finanzdepartement an der Rue des Italiens higewisen huet" sot eng Source, déi der Enquête no steet. Am 9. Arrondissement ass d'Police aktuell nach op der Plaz. Weider Detailer sinn den Ament net bekannt.