Eng Studiërees an den EcuadorKuckt déi flott Serie vu Reportagen all Owend op RTL

D'Lëtzebuerger ONG Astm hat zesumme mam Klima-Bündnis op eng Studierees an den Ecuador invitéiert.

An der Delegatioun war nieft Vertrieder vun enger Rei Klimabündnis-Gemengen och eng Equipe vun RTL Télé Lëtzebuerg mat derbäi.

Haaptzil war et, fir sech en Abléck ze verschafen, wéi d’Mënschen dohanne mam Reebësch ëmginn, wa se nach am Aklang mat der Natur do liewen, awer och fir sech e Bild vun der Zerstéierung vum Amazonas-Bësch ze maachen ënnert anerem duerch d’Pëtrolsindustrie.

Den Héichpunkt war dobäi eng Visite vun der indigener Kichwa-Communautéit Sarayaku. D’Participante konnten hei materliewen, wéi do d’Awunner nohalteg liewen. Sarayaku mat senge ronn 2.000 Awunner an der Provënz Pastaza ass dobäi e Symbol vum Widderstand géint d’Pëtrol-Multien am Ecuador.

Vertrieder vun der ecuadorianescher Regierung hu Sarayaku iwwregens scho mam rebellesche Duerf a Gallien vum Asterix an Obelix verglach, dat, well déi Indigen an hirem Kampf géint d’Pëtrol-Exploitatioun op hirem Territoire net labberloossen a sech bis elo mat Succès gewiert hunn. E Kampf, deen d’Lëtzebuerger op der Plaz staark beréiert huet.

Am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg leeft dës Woch eng kleng Serie iwwer déi impressionnant Rees. 

Sarayaku Deel 1 (Méindeg)

De Kampf vun Indigenen am Amazonas

Sarayaku: De Kampf vun Indigenen am Amazonas (20.03.2017)
Vertrieder vun de lëtzebuerger Klimbündnis-Gemengen ware kiirzlech op enger spannender Studien-Rees am Amazonasgebitt vun Ecuador.


Sarayaku Deel 2 (Dënschdeg)

Eng staark indigen Kultur am Amazonas

Sarayaku: Eng stark indigen Kultur am Amazonas (21.03.2017)
D'Kichwa-Communautéit vu Sarayaku ass houfreg op hirt traditionnellt Wëssen iwwert hier eenzegarteg Natur.


Sarayaku Deel 3 (Mëttwoch)

Sarayaku: E Kampf dee faszinéiert

Sarayaku: E Kampf dee faszinéiert (22.03.2017)
De Kampf vun den Indigenen vu Sarayaku am ecuadorianeschen Amazonas huet Vertrieder vun enger lëtzebuerger Delegatioun nawell staark impressionéiert.


Sarayaku Deel 4 (Donneschdeg)

 Pollutioun am Amazonas

Sarayaku: Pollutioun am Amazonas (23.03.2017)
De véierten Deel vun der Serie iwwer d'Studiërees an den Ecuador.


Sarayaku Deel 5 (Freideg)

De Kampf ass nach net eriwwer

Sarayaku: De Kampf ass nach net eriwwer (24.03.2017)
An eiser Serie iwwer eng Studie-Rees vun enger lëtzebuerger Delegatioun
am Amazonas gi mer eng leschte Kéier zréck bei d'Ur-Awunner vu Sarayaku.


E Mëttwoch, 15. Mäerz am "Live! Planet People" war ënnert anerem den Dan Hardy vun Télé Lëtzebuerg op Besuch, deen do dem Dan Spogen éischt Abléck vun der beandrockender Rees presentéiert huet.

Live! Planet People (15.03.2017)
De Journalist Dan Hardy war fir e Reportage iwert Emweltverschmotzung am Ecuador. Donieft de Michel Tereba an d'Linda Blaschette iwert déi nei RWG-Episoden.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.