Trump denoncéiert "Fake News"FBI enquêtéiert wéinst Relatiounen Trump-Russland

D'Enquête viséiert een eventuellt Ofschwätzen tëscht dem Wahlkampf-Team vum President Trump a Moskau.

© AFP Archivbild
Kuerz virun der Unhéierung vum FBI-Chef James Comey duerch de Kongress huet de President Trump de Méindeg de Moien op en Neits bestridden, während sengem Wahlkampf Kontakt mat Russland gehat ze hunn. Op Twitter huet hie behaapt, dëst wieren "Fake News" an datt dat och all Mënsch géing wëssen.

Nieft dem James Comey huet och den NSA-Chef Mike Rogers virum Representantenhaus misse schwätzen. Et geet heibäi ëm allegéiert russesch Hackerattacken op déi Demokratesch Parteizentral an op dem Hillary Clinton säi Wahlkampfteam. Dës Ugrëff kéinten de spéidere President begënschtegt hunn.

De Chef vum FBI huet virum amerikanesche Kongress confirméiert, datt seng Administratioun der Fro nogeet, ob Russland d'Presidentewahlen 2016 beaflosst huet. Ausserdeem huet hie betount, dat et keng Versich gouf, den deemolegen Presidentschaftskandidat ofzelauschteren.

Den Trump huet de Méindeg ausserdeem getwittert, déi "russesch Geschicht" wär vun den Demokraten als "Ausried" fir hier Defaite am Wahlkampf erfonnt ginn.