Südsudan14 Leit bei Fligerongléck blesséiert

Éischte Meldungen no wieren déi meescht Leit beim Accident ëmkomm, dat gouf awer bis ewell net confirméiert.

© AFP (Archiv)
Am Südsudan ass e Méindeg e Passagéierfliger mat 45 Leit u Bord verongléckt, wéi de Fliger derbäi war, um Tarmac ze landen. Lokal Medien hunn am Ufank geschriwwen, dass déi meescht Passagéier dobäi ëm d'Liewe komm wären. Den Ament ass awer just vu 14 Blesséierte riets an net vun Doudegen. D'Wiederkonditioune wären net ideal gewiescht, seet d'Gerance vum Fluchhafen.