Serie Kandidaten - Wahlen a FrankräichEmmanuel Macron: Ëmfroen no nächste franséische President

Frankräich sicht no engem Successeur fir de President François Hollande. E Sonndeg ass den éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen.

11 Kandidate presentéieren sech. Dës Kéier léiere mer den Emmanuel Macron kennen.

Emmanuel Macron/Reportage Pit Everling



Dem Emmanuel Macron seng Chancë fir nächste franséische President ze ginn, si méi ewéi realistesch.

Wéi ass et ze erklären, datt de Mann, dee sech selwer als sozial-liberale Progressist gesäit, esou vill Succès huet? Hie war ëmmerhin ënnert dem onbeléifte President Hollande Wirtschaftsminister a war fréier och Member vum aktuell net grad populäre PS.

De Macron huet wuel zum richtege Moment där Regierung de Réck gedréint. De 39 Joer ale Politiker ouni Partei am Réck schéngt fir vill Leit eng frësch an dynamesch Alternativ, hie gesäit sech "ni à droite, ni à gauche".



Aner Rezepter sinn eng clever Wahlcampagne, keng gréisser Skandaler an eng privat „Love story“, déi gutt ukënnt, dem Emmanuel Macron seng Fra Brigitte ass 24 Joer méi al wéi hien. De Macron profitéiert awer virun allem och vun de Schwächte vu senge politesche Géigner a vun deene vun den etabléierte Parteien.
Vum Wahlprogramm hier, blouf de Kandidat vun der Beweegung „En Marche“ laang ganz vague. Ugangs Mäerz goufen déi grouss Linne presentéiert. Ënnert anerem wëll de Macron d’Parlament ëmbauen an d’Zuel vun de Memberen ëm en Drëttel kierzen. Hien ass pro-europäsch a steet fir eng liberal Flüchtlingspolitik.

Leschte Sondagen no géing de Macron am éischten Tour ähnlech vill Stëmme kréien ewéi d’FN-Cheffin Marine Le Pen. Allebéid kéimen sou op 22-23% a kéimen domat an den zweeten Tour. Do géing dann de Macron, op d’Mannst den Ëmfroen no, däitlech wannen a wier als Konsequenz neie franséische President.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.