Meningite 740 Mënschen duerch Epidemie am Nigeria gestuerwen

Duerch eng Epidemie vu Meningite sinn am Nigeria am Laf vun de leschte Méint iwwer 740 Mënsche gestuerwen.

Landeswäit géifen et iwwer 8.000 Verdachtsfäll ginn, sou déi zoustänneg Autoritéiten. Bei deene meeschten Affer handelt et sech ëm Kanner. Meningite ass an de Länner vun der Sahelzon besonnesch verbreet. Am Kader vun enger grousser Campagne vun der Weltgesondheetsorganisatioun goufe bis ewell knapp 420.000 Persoune geimpft.