Bluddege Muechtkampf am Venezuela3 Doudeger bei Demonstratioune géint gefaarten Diktatur

Während den Demonstratiounen géint eng eventuell Diktatur am Venezuela koumen e Mëttwoch op d'Mannst 3 Persounen ëm d'Liewen.

© AFP

Ee 17 Joer ale Student gouf an der Haaptstad Caracas an de Kapp geschoss. Hien ass am Spidol gestuerwen. Do virdrun war zu San Cristobal eng Fra vun 23 Joer och duerch ee Kappschoss ëm d'Liewe komm. Donieft wier och ee Member vun der Nationalgarde gestuerwen, schreift eng lokal Zeitung.

D'Regierung mécht d'Oppositioun fir den Doud vun deene Betraffene responsabel.

Zanter dem Ausbroch vun de Protester si schonn 8 Persoune gestuerwen. Donieft koum et e Mëttwoch zu iwwer 400 Arrestatiounen. Trotz deene brutalen Ausenanersetzungen huet d'Oppositioun fir en Donneschdeg  zu neie Protester géint de sozialistesche Staatschef Maduro opgeruff.

En Donneschdeg sollt dat ganzt Vollek op d'Stroosse goen, sou den Oppositiounsleader Capriles op enger Pressekonferenz: "Wann haut Millioune vu Leit op d'Stroosse gaange sinn, da mussen et muer nach méi sinn". Eng Partie Demonstranten hate mat Steng op Poliziste geheit, déi hu mat Tréinegas a Gummiskugelen geäntwert.

Estimatiounen no hunn e Mëttwoch bis zu sechs Millioune Leit demonstréiert. D'Regierungsgéigner maachen de President Maduro fir eng Wirtschaftskris responsabel, mat där d'Land schonn zanter méi laang konfrontéiert ass. Si fuerderen ee Referendum iwwert ee Récktrëtt vum Politiker. Seng Mandatsperiode geet nach bis 2019.