Facebook, Google, Microsoft160 amerikanesch Entreprisë géint Areesverbuet vun Trump

Si hu sech offiziell géint dat betraffent Dekret gestallt a beim Appellsgeriicht vu Virginia Recours agereecht.

An hirem Schreiwes warnen Entreprisë wéi Facebook, Google a Microsoft virun engem substantielle Schued fir déi amerikanesch Konzerner.

Duerch dëst Areesverbuet wier et schwéier talentéiert Mataarbechter ze fannen, och géif d'Kompetitivitéit vun der amerikanescher Wirtschaft staark beaflosst ginn.

Déi iwwer 160 Entreprisë warne virdrun, dass dësen Dekret kéint dozou féieren, dass international Konzerner a Länner investéieren, déi eng immigratiounsfrëndlech Politik bedreiwen.

Déi eenzel Konzerner weisen an hirem Schreiwes drop hin, dass d'USA eng Natioun vun Immigranten ass an dës ee grousse Beitrag am wirtschaftlechen, politeschen a kulturelle Liewe vum Land leeschten.

Et geet an dësem Prozess ëm dem Donald Trump säin zweet Areesverbuet, dat virgesäit, dass Bierger aus 6 moslemesche Länner net duerfen an d'USA areesen.