GriichenlandExplosioun virun enger Bank zu Athen

Onbekannter hunn ee Sprengsaz gezünt. Griichesche Medien no ass awer kengem eppes geschitt. Just d'Façade vum Gebai gouf beschiedegt.

© AFP

Kuerz virum Attentat hat et een anonymen Appell bei enger Televisiounschaîne ginn. D'Police konnt d'Strooss virun där betraffener Bank nach mat Zäiten evakuéieren.

Bis ewell gouf d'Dot net revendiquéiert. Ähnlech Attacke goufen an der Vergaangenheet vun Aktiviste vun der extremer Gauche oder anarchistesche Gruppen duerchgefouert.