VetoRussland refuséiert Condamnatioun vu Rakéitentester

Mat engem Veto huet Russland am Uno-Sécherheetsrot eng Condamnatioun vun de rezenten nordkoreanesche Rakéitentester blockéiert.

Wéi et vun Diplomate vun New York heescht, wier Russland e Mëttwoch géint d'Positioun vum Sécherheetsrot gewiescht, déi Nordkorea mat schaarfe Wieder sollt dozou opruffen, seng Rakéitentester ze stoppen.

D'Vetomuecht huet gefuerdert, dass als Zousaz misst präziséiert ginn, dass et Noutwendeg wier, de Konflikt duerch een Dialog ze léisen.

Eng ganz Partie Diplomate bei de Vereenten Natiounen hu sech iwwerrascht driwwer gewisen, dass Russland den Text refuséiert huet, obwuel China, dee wichtegsten Alliéierte vun Nordkorea, den Text hätt wollten ënnerstëtzen.

Nordkorea hat e Sonndeg op en Neits eng Rakéit ofgeschoss, déi no Donnéeë vun den USA a Südkorea awer kuerz nom Start explodéiert ass.