Experte confirméierenBei Attack op Chan Scheichun gouf Nervegas Sarin agesat

Bei der Attack op déi syresch Uertschaft Chan Scheichun ass no Aussoe vun Experten ouni Zweiwel d'Nervegas Sarin oder eng ähnlech Substanz agesat ginn.

Dat hätten Analyse vu Prouwe vun zéng Affer erginn, huet d'Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen e Mëttwoch zu Den Haag bekannt ginn.

De Weste geheit der syrescher Loftwaff wier, de 4. Abrëll eng Gëftgasattack op d'Stad Chan Scheichun am Nordweste vu Syrien duerchgefouert ze hunn.

D'Regierung vum syresche Staatschef Baschar al-Assad streit awer of, chemesch Waffen agesat ze hunn. Duerch d'Attack koumen no Donnéeë vum syreschen Observatoire fir Mënscherechter 87 Mënschen ëm d'Liewen.