Kontroverséiert SubstanzÉischt Exekutioun säit 15 Joer am Arkansas

Den Ieweschte Geriichtshaff vum US-Bundesstaat Arkansas huet op en Neits eng Exekutioun vun engem Prisonéier blockéiert.

No engem dramatesche juristeschen Hin an Hier huet den amerikanesche Staat Arkansas fir d'éischte Kéier zanter 15 Joer nees ee Prisonéier exekutéiert. Deen 51 Joer ale Ledell Lee, dee wéinst Mord zum Doud veruerteelt war, ass am Prisong vu Grady un enger Gëftsprëtz gestuerwen.

Hie war ee vun am ganzen aacht Prisonéier, déi Arkansas
vum 17. bis den 27. Abrëll wollt exekutéiere loossen, well eent vun de Mëttel fir d'Gëftsprëtz bis d'Enn vum Mount ofgelaf wier. Verschidde geriichtlech Decisiounen haten allerdéngs zu engem deelweis virleefege Blockage vu siwen aneren Exekutioune gefouert.

D'Riichter hunn d'Demande vum Stacey Johnson, deen 1994 zum Doud veruerteelt gi war, accordéiert. Seng Exekutioun war fir en Donneschdeg geplangt. Si gouf elo virleefeg annuléiert, sou déi zoustänneg Procureure vun Arkansas.

Donieft gouf decidéiert, dass eng Substanz, déi fir d'Gëftsprëtz agesat gëtt, den Ament net duerf benotzt ginn. Ee Pharmakonzern hat geklot, well de Bundesstaat beim Kaf vum Mëttel präziséiert hat, et fir medezinesch Zwecker wëllen ze benotzen.

D'Applikatioun vun där betraffener Substanz ass ferm ëmstridden. Eng Partie Prisonéier si qualvoll doduerch gestuerwen.