Eng seele Russesch-Amerikanesch ZesummenaarbechtZwee Astronauten um Wee fir op d'ISS

E Russ an en Amerikaner sinn den Donneschdeg vum kasachesche Baikonur zu enger Missioun vu 6 Méint op der internationaler Weltraumstatioun ISS gestart.

© afp

De russesche Kosmonaut Fjodor Jurtschichin an den US-Astronaut Jack Fischer sinn den Donneschdeg a Kasachstan ofgehuewen. Hir Rees dauert just 6 Stonnen, mä hir Missioun wäert ëm déi 6 Méint daueren.

Fir de Fischer ass et seng éischt Kéier am Weltall, während den 58 Joer ale Jurtschichin mat insgesamt 537 Deeg an der Ëmlafbunn, méi wéi all amerikaneschen Astronaut, e richtegen Weltraumveteran ass. Fir déi éischte Kéier zanter Jore waren nëmmen zwou vun den dräi Plazen an der Sojus-Kapsel besat, well déi russesch Weltraumagence spuere muss. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.