ZeienopruffTréier-Ehrang - Mann belästegt Kand vun 9 Joer sexuell

En Onbekannte Mann vu 60-65 Joer huet an der Géigend vum Jugendtreff zu Tréier-Ehrang e Meedche vun 9 Joer sexuell belästegt. D'Police sicht no Zeien.

Den Tëschefall ass den 13. Abrëll géint 13.15-13.30 Auer geschitt.

D'Meedchen hat mat Frëndinnen an der Géigend vun engem Vëloswee gespillt, wéi e Vëlosfuerer bei de Kanner stoe bliwwen ass. Den Onbekannten huet e Virwand gesicht dem Meedche méi no ze kommen an huet et dunn op Héicht vun der Broscht ugepak.
D'Meedchen huet richteg reagéiert a sech lassgerappt. De Mann huet sech du mat sengem Vëlo duerch d'Bascht gemaach. dëst a Richtung Tréier-Ehrang.

De Mann soll 60 bis 65 Joer gehat hunn, 1m75 grouss an en hat schëllerlaang gro Hoer. E war vun heller Hautfaarf, hat e schwaarze ronne Brëll un an eng beige Box. En huet op d'Kanner ongefleegt gewierkt. E war mat engem blo-gréngen Härevëlo ënnerwee, un deem sengem Gepäckträger e Kuerf montéiert war.

D'Police vun Tréier sicht elo Zeien, déi eventuell de Mann den 13. Abrëll tëscht 13.15 an 13.45 Auer um Vëloswee an der Géigend vun Tréier-Ehrang gesinn hunn. Si solle sech w.e.g. bei der Police um +49 (0) 651/9779-2223 bzw -2290 mellen.