Knaschteg Wäsch an de KierfFalsche Bommenalarm an engem Bus zu Léck

E Verdächtegen hat zwee Kierf an engem Bus leie gelooss an ass dono erausgeklommen. An de Kierf war knaschteg Wäsch.

© AFP

Bommenalarm zu Léck. Hei gouf de Quartier "Outremeuse" deels gespaart, well e Mann zwee verdächteg Rucksäck an engem Bus leie gelooss huet. D'Demineure sinn op der Platz.

De Verdächtegen ass, nodeem hien d'Kierf leie gelooss huet, an en zweete Bus geklommen. Och dee gouf gestoppt.

D'Leit sinn erausgeklommen, de Mann ass awer nach am Gefier a mécht, wéi wann hie géif schlofen. Kuerz drop konnt d'Police de Mann festhuelen. An de Rucksäck, déi de Mann leie gelooss hat, war knaschteg Wäsch, wéi d'Kollege vun RTL.be schreiwen.