Serie Kandidaten - Wahlen a FrankräichMarine Le Pen: FN-Cheffin ugeschloen, mä vläicht am 2. Tour

Frankräich sicht no engem Successeur fir de President François Hollande. E Sonndeg ass den éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen.

Déi 48 Joer al Affekotin an Duechter vum Front-National-Grënner Jean-Marie Le Pen huet d’Geschécker vun der Partei am Joer 2011 definitiv iwwerholl. Si ass deemools zur Presidentin vum FN gewielt ginn.

Si an hir Partei si wäit riets um politesche Plateau ze situéieren. Den FN beschreift sech als national a patriotesch. D’Marine Pen kämpft fir d’Souveränitéit vu Frankräich. Si wëll raus aus dem Euro, raus aus dem Schengen-Raum, raus aus der Europäescher Unioun, raus aus der Nato.

D’Marine Le Pen verlaangt d’Limitéierung vun der Immigratioun an a gewësse Situatioune streng Expulsiouns-Regele wann et en Terrorverdacht gëtt.

E Skandal gëtt et hei eventuell och: D’Marine Le Pen kritt fiktiv Beschäftegunge vu Mataarbechter reprochéiert, ënnert anerem am Europaparlament

Bei der Presidentielle 2012 krut d’Marine Le Pen am éischten Tour knapp 18%, bei de Parlamentswahlen dat selwecht Joer waren et fir den FN 13,6%. Bei den Europawahlen 2014 knapp 25 %.

An de Sondagë kënnt d’Marine Le Pen den Ament op ronn 22-23%, bedeitend manner ewéi nach virun engem hallwe Joer.
De selwechten Ëmfroen no géif d’FN-Cheffin an engem eventuellen zweeten Tour däitlech géint den Emmanuel Macron verléieren.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.