Serie Kandidaten - Wahlen a Frankräich6 Kandidate mat wéineg Chancen op Presidentschaft

Frankräich sicht no engem Successeur fir de President François Hollande. E Sonndeg ass den éischten Tour vun de Presidentschaftswahlen.

Vun uewe Lénks, bis ënne Riets: Jacques Cheminade, Jean Lassalle, Philippe Poutou, Nicolas Dupont-Aignan, Nathalie Arthaud, François Asselineau.

5 Kandidaten hu méi oder manner realistesch Chancë fir d’Successioun vum François Hollande ze iwwerhuelen.
De Jean-Luc Mélenchon, Benoît Hamon, de François Fillon, den Emmanuel Macron an d’Marine Le Pen hu mer Iech an de leschten Deeg virgestallt.

Nieft hinne ginn awer nach 6 aner Kandidaten an d’Course.

Wahlen a Frankräich: 6 weider Kandidaten / Pit Everling

Déi beschte Sondagen huet do nach de 56 Joer alen Nicolas Dupont-Aignan, dee mat senger Beweegung „Debout la France“ europäesch Traitéë wëll denoncéieren an Auslänner, déi zu Prisongstrofe veruerteelt ginn, déi sollten expulséiert ginn. Hie wëll och zum Beispill alleguerten d’Steieren erof setzen.

Da gëtt et d’Nathalie Arthaud vun der Partei „ lutte ouvrière“. Si wëll d’Grenzen ofschafen, alleguerten d’sans-papiers regulariséieren. Fir déi 47 Joer al Politiker misst d’Relioun eng reng Privatsaach ginn.
 
De Jacques Cheminade kämpft géint d’Welt vun de Finanzen, hie wëll den nationalen an internationale Finanzsystem radikal ëmbauen. De 75 Joer ale Kandidat wëll och de Weltraum erueweren.

«Union populaire républicaine» heescht d’Beweegung vum 61 Joer ale François Asselineau. Hie wëll raus aus der EU, der Eurozon an der Nato. Hie wëll d’Loi Macron ofschafen a setzt sech fir divers Verstaatlechungen an.

Och de Jean Lassalle wëll an den Elysée. Hien huet 62 Joer, säi Mouvement heescht „Résistons“. Hie mécht sech fir en Europa vun den Natioune staark. Hie wëll de Räichtum méi gerecht verdeelen a géint d’Spekulatioun virgoen.  

De 50 Joer ale Philippe Poutou wëll President ginn, fir dann de Poste vum President nees ofzeschafen. Den antikapitalisteschen Aarbechter wëll och zum Beispill, datt et keng Licenciementer méi gëtt a keng precaire Kontrakter méi.

Alle 6 Kandidaten hu gemeinsam, datt et fir si zimlech wahrscheinlech nom éischten Tour e Sonndeg eriwwer ass.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.