WikileaksUSA plange Plainte géint Assange

D'USA sinn am Gaangen, eng Plainte géint de Wikileaks-Grënner Julian Assange ze preparéieren. Dat mellt CNN a berifft sech op Regierungsbeamten.

Déi amerikanesch Autoritéiten enquêtéieren zanter 2010 géint den Assange a Wikileaks. Wéi et heescht, hätt ee sech awer d'Fro gestallt, ob de Whistleblower duerch den droit constitutionnel op fräi Meenungsfräiheet gedeckt wier.

Elo hätt een ee Wee fonnt, fir an dësem Punkt méi séier virunzekommen. De Julian Assange hält sech zanter véier Joer an der Ambassade vum Ecuador zu London op. Hie wëll esou verhënneren, wéinst Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch u Schweden ausgeliwwert ze ginn.