ErdoganVerfassungsreferendum kann net annuléiert ginn

Nom tierkesche Justizminister huet de Staatschef Erdogan drop higewisen, dass d'Efforten, den ëmstriddene Referendum z'annuléieren, keng Chancen hätten.

D'Decisioun vun der Wahlkommissioun wier definitiv. Dat sot den Erdogan no Donnéeë vum tierkesche Sender AHaber.

Dës Saach géif net an den Attributioune vum Verfassungsgeriicht oder dem Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter leien. Um Wahldag haten et eng sëlleche Virwërf vu Manipulatioun ginn.