G20 Finanzminister an Zentralbankcheffe komme fir Gespréicher beieneenReunioun vum Internationale Währungsfong zu Washington

D'G20 wëllen ënnert anerem iwwert Differenzen an der Handelspolitik beroden.

© afp
Den Internationale Währungsfong soll an Zukunft net méi fir Problemer vun Euro-Kriselänner mussen duerhalen. Dat fuerdert den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble.

Sou sollt aus dem Europäesche Rettungsfong eng Zort
Europäesche Währungsfong ginn, den aspréngt, wann nach eemol sou massiv Hëllefsprogrammer wéi déi fir Griicheland sollten néideg ginn. Dat sot de Schäuble den Donneschdeg während enger Konferenz un der Johns-Hopkins-Universitéit zu Washington.

Hie sot och, dass sou een neie Fong scho geschwënn kéint operationell sinn. Hien hätt fir dëse Plang och schonn den Accord vun der däitscher Kanzlerin Angela Merkel. Een Europäesche Währungsfong wier mat däitlech méi Kompetenzen equipéiert wéi den Europäesche Rettungsfong, sou den däitsche Finanzminister.

Um zweeten Dag vun der Reunioun vum Internationale Währungsfong an der Weltbank zu Washington hunn d
'Finanzminister an d'Zentralbankcheffe vun den G20 Länner ënnert anerem iwwert Differenzen an der Handelspolitik diskutéiert.