Tierkei - EUDe Flüchtlingsaccord weist Resultater

Trotz ugespaante Relatiounen hält d'Tierkei sech un d'Ofkommes.

© afp
D'Zuel vun de Migranten, déi aus der Tierkei op d'griichesch Insele kommen, ass nämlech nach ëmmer niddreg. Zënter Ugangs dës Joers sinn 5.078 Flüchtlingen do ukomm, zejoert waren et an der nämmlechter Zäit nach gutt 94.000.