Hepatite B an CWeltgesondheetsorganisatioun schléit Alarm

Et ass villäicht mol nees Zäit fir bei den Dokter.

© afp
Ronn 325 Millioune Mënsche weltwäit wieren der WHO no mat Hepatite B oder C infizéiert, ma nëmmen e Brochdeel wier sech däers och bewosst. Speziell Drogenofhängeg wiere betraff. Iwwerdroe gëtt de Virus iwwert Blutt an ongeschützte Geschlechtsverkéier, a gerengere Mossen och iwwert de Spaut.

Wann déi resultéierend Liewerinfektiounen net behandelt ginn, ka sech Liewerkriibs entwéckelen.
2015 sinn 1,3 Millioune Mënsche weltwäit un esou enger Gielzecht gestuerwen.