VIDEO: "Blue Whale Challenge"En neie geféierlechen Trend an de soziale Medien

Déi lescht Méint gouf et virop an osteuropäesche Länner an a Russland de Phänomen vun der sougenannte "Blue Whale Challenge".

Bei Jonken: "Blue Whale"-Phänomen (17.07.2017)
Insgesamt 50 Challengë muss ee maachen, esou ass an Internetforen ze liesen. Dat geet vun en Horrorfilm kucken, iwwer ee Wal op den Aarm ritzen ...

Och zu Lëtzebuerg géif driwwer geschwat ginn.

Jonker sollen hei iwwert déi sozial Reseauen opgefuerdert ginn, fir verschidde Challengen ze maachen, eng Aart Wetten, esou wéi sech selwer wéi ze doen, verschidde Medie schwätze souguer vu Suicide.

Zu Lëtzebuerg géif et keng konkret Fäll ginn an et misst een och esou Nouvellë mat Virsiicht genéissen, esou déi Responsabel vum Kanner- a Jugendtelefon.

Schonn am Mee hat den Deputéierte Gilles Baum op dës Thematik opmierksam gemaach.

Warnung viru "Blue Whale Challenge"