Nom Hurrikan "Irma"8 Doudeger an Altersheem a Florida

An engem Altersheem a Florida sinn e Mëttwoch op d'mannst 8 Persoune gestuerwen. D'Klimaanlag war ausgefall, nodeems den Hurrikan Irma passéiert war.

Déi 8 Doudesaffer waren tëscht 71 an 99 Joer al. D'Autoritéite ginn dovun aus, dass d'Doudesfäll eppes mat der Hëtzt kéinten ze di gehat hunn. Dat betraffent Altersheim läit an der Stad Hollywood. Do goufen an de leschten Deeg Temperature vun iwwer 30 Grad gemooss. Eng Obduktioun soll elo déi genee Doudesursaach klären.

Den US-President Donald Trump reest iwwerdeems um Donneschdeg a Florida. Hie wëll sech ee Bild maache vun deenen zerstéierte Regiounen. Begleet gëtt hie vun der First Lady Melania Trump. Wéi laang d'Visite dauert a wéi eng Plaze genee hie wëll besiche goen, ass net gewosst.