Trier EhrangWeltkrichsbomm um Mëttwoch den Owend entschäerft

Eng 125 Kilogramm schwéier Bomm gouf um Mëttwoch den Owend entschäerft, 800 Leit hu virdru missen hir Haiser verloossen.

© Input Presse
Um 20.14 Auer koum d'Konfirmatioun, datt d'Bomm aus dem zweete Weltkrich vum Kampfmittelräumdienst entschäerft war. Virdrun hunn 800 Awunner aus 11 Stroossen am Tréirer Staddeel Ehrang hir Wunnenge misse verloossen, den Zuchverkéier gouf ënnerbrach an um 19.56 Auer konnt ee mam Entschäerfen ufänken.

An der Moseltal Realschule Plus konnten d'Awunner, wa si da wollten, ënner kommen, wat och 61 Persoune gemaach hunn.

Eng eenzeg Persoun hat sech net un d'Ofspärung gehalen, sou datt de Cyclist ganz eleng während den Aarbechten am ofgespaarte Gebitt ënnerwee war. Soss koum et zu kengem Tëschefall.