Vereenten NatiounenDonald Trump menacéiert Nordkorea mat "totaler Zerstéierung"

Hien huet den Kim Jong Un als "Rakéite-Mann" bezeechent, deen op enger "Selbstmord-Missioun" wier.

Mat schaarfen Attacken un d'Adresse vun Nordkorea an den Iran, souwéi vill Luef fir d'Souveränitéit vun den Nationalstaaten, huet den US President Trump bei senger éischter Ried virun de Vereenten Natiounen fir gemëschte Reaktioune gesuergt.

Hien huet enger Partie Staate virgeheit korrupt ze sinn a virdru gewarnt, dass dat Béisst Iwwerhand hëlt, wann een sech dëser Entwécklung net entgéint stellt. Nordkorea huet den Donald Trump domat gedreet, d'Land komplett ze zerstéieren. Dem Staatschef Kim Jong Un huet hie virgeheit ee Rakéitemann ze sinn, deen op Selbstmordmissioun ass. Dem Iran huet den Donald Trump donieft virgeheit korrupt an ekonomesch um Enn ze sinn a just Gewalt ze exportéieren.

Den Donald Trump



Eng Reaktioun huet net laang op sech waarde gelooss. Den Iran huet déi verbal Attacke vum US-President als ignorant Haass-Ried veruerteelt. Des Äusserunge géifen an d'Mëttelalter gehéieren awer net an eis Zäit, sou den iraneschen Ausseminister Mohammad Dschawad Sarif op Twitter. Des Bemierkunge wieren deplacéiert an ouni Schimmt a géife weisen, dass den Donald Trump net vill weess. D'Atomofkommes, dat dem Trump säi Virgänger Barack Obama mam Iran ofgeschloss hat, huet den US President peinlech an eesäiteg bezeechent.


Lëtzebuerg ass bei der Vollversammlung zu New York ënnert anerem duerch de Premier Xavier Bettel vertrueden. Hie koum e Méindeg scho mam UNO-Generalsekretär Antonio Guterres zesummen an hat d'Éier d'Seance op der New Yorker Bourse e Méindeg opzemaachen.

An de Gespréicher mam President vum New York Stock Exchange huet de Xavier Bettel nach eemol drun erënnert, dass Lëtzebuerg zu den dräi wichtegste Finanzzentren vun der Europäescher Unioun gehéiert.

An den Diskussioune mam UNO-Generalsekretär huet virun allem de Sujet Migratioun dominéiert, awer och de Fridden um afrikanesche Kontinent koum zur Sprooch. An dem Kontext huet de Lëtzebuerger Staatsminister déi Lëtzebuerger Engagementer ervir gestrach a betount wéi wichteg dass et ass, dass och weiderhin op Diplomatie, Verdeedegung an Entwécklung gesat gëtt.

Vun e Mëttwoch un ass och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn zu New York. Säin Optrëtt virun der Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen ass fir en Donneschdeg geplangt. Donieft hëlt de Lëtzebuerger Diplomatiechef awer och un enge sëlleche Reuniounen deel, ënnert anerem un enger Konferenz wou et ëm de komplette Verbuet vun Nukleartester geet.

Artikel: Bettel mécht Bourse am Big Apple op