Eemol queesch duerch TréierVill Opreegung am Verkéier, nodeems e Päerd fortgelaf ass

E Päerd ass um Dënschdeg de Moien vun engem Bauerenhaff zu Olewig bei Tréier fortgelaf an huet fir vill Opreegung gesuergt.

© Steil-TV

Et ass nach net bekannt, firwat d’Päerd einfach esou fortgelaf ass. Dat panikéiert Deier huet sech a Richtung Tréier ewechgemaach, mat enger ganzer Rëtsch Policeautoen hannendrun. Et ass der Police awer net direkt gelongen, d’Déier anzefänken.

D’Päerd ass iwwer d’Olewigerstraße laanscht d’Kaiserthermen, iwwert d’Kaiserstraße a Richtung B49/ St. Barbaraufer, laanscht d’Pompjeeë bis op Konz gerannt. De Verkéier huet e puer Mol misse gestoppt ginn, mee d’Päerd war ëmmer méi séier wéi d’Polizisten. Vill Automobiliste konnten eng Kollisioun mam Déier evitéieren.

Zu Konz ass d’Päerd zum Schluss op ee Chantier gelaf, laanscht 2 Baggeren, déi him wollten de Wee verspären an ass do iwwert e Koup Buedem gesprongen. D'Déier ass do awer gefall an huet sech därmoosse schwéier blesséiert, dass et nach do op der Plaz huet missen ageschléifert ginn.