VIDEO: Mexiko230 Doudeger no Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,1

Nom schlëmmen Äerdbiewen a Mexiko läit den aktuelle Bilan vun den Doudesaffer bei ronn 230. Eleng an der Haaptstad Mexiko City sinn 100 Persounen ëmkomm.

D'Situatioun a Mexiko, nom schlëmmen Äerdbiewen, ass dramatesch. Knapp 50, deels ganz héich Gebaier, sinn hei an e Koup gefall. 500 Gebaier goufe schwéier beschiedegt.

An enger Kierch zu Atzala sinn 11 Mënsche gestuerwen. Hei hat grad e Kanddaf ugefaangen. Och d'Meedchen, dat sollt gedeeft ginn, huet net iwwerlieft. De Paschtouer an e Massendénger konnten nach fortlafen. 11 Mënsche wéi gesot sinn hei ëm d'Liewe komm.

Äerdbiewen Mexiko/Reportage Nadine Gautier







Wéinst deenen dramatesche Rettungsmesuren huet de President Enrique Peña Nieto d'Populatioun opgeruff doheem ze bleiwen. Esoulaang d'Haiser sécher sinn, wier et wichteg, dass d'Leit dobanne bleiwen, fir d'Stroosse fräi ze loossen fir d'Ambulanzen an d'Secouristen. Iewescht Prioritéit hätt elo d'Sich no Vermëssten, sou de President an engem Videomessage.




D'Biewe mat enger Stäerkt vu 7,1 op der Richterskala hat säin Epizenter ronn 120 Kilometer Loftlinn südëstlech vu Mexiko-City.



Während dem Biewen ass eng Schoul am Zentrum vun der Haaptstad an ee Koup gefall. 26 Mënsche koumen dobäi ëm d'Liewen. Vill Kanner an Erwuessener ginn nach vermësst. D'Rettungsequippen probéiere mat de bloussen Hänn a Schëppen déi Iwwerliewend aus dem futtisse Gebai ze retten. Et gëtt e bëssen Hoffnung. D'Rettungsequippen hunn nämlech Liewenszeechen aus enger Schoul zu Mexiko-City gemellt, déi duerch d'Biewen an ee Koup gefall ass. Rieds geet vu fënnef Kanner, déi sollen iwwerlieft hunn. Si sinn allerdéngs ënner metalle Staangen gefaangen, déi elo virsiichteg mussen ausernee geholl ginn. Bis gëschter Owend konnten eelef Kanner an op mannst een Enseignant lieweg gerett ginn. Allerdéngs sinn och op d'mannst 21 Kanner a fënnef Erwuessener ëm d'Liewe komm.




Bal 40 Gebaier goufen zerstéiert. Spideeler déi beschiedegt goufen, sinn all evakuéiert ginn. Bal 4 Milliounen Leit hu kee Stroum. An de leschte Stonne goufen ëmmer nees Nobiewe registréiert. Dat schwéierst dovun hat eng Stäerkt vu 4,9 op der Richterskala.

Eréischt de 7. September waren duerch ee Biewen vun der Stäerkt 8,2 ronn 100 Mënsche gestuerwen.
D'Katastroph ass um 32. Joresdag vum uergen Äerdbiewen am Joer 1985 geschitt mat bal 10.000 Doudegen. Nëmmen zwou Stonnen virum schlëmme Biewen, hate vill Administratiounen, Entreprisen a Schoulen bei enger Übung fir den Noutfall matgemaach.




Äerdbiewen a Mexiko (20.09.2017)
Mat enger Stäerkt vu 7,1 huet de Buedem am Zentrum vu Mexiko geziddert. Op d'mannst 225 Doudesaffer gi vun den Autoritéite gemellt.