ParäisSozialistesch Partei a Frankräich muss hir Zentral verkafen

Fréier ware se eng houfreg Vollekspartei a Frankräich, elo sti se finanziell esou schlecht do, well déi lescht Wahlresultater sou schlecht ausgefall sinn.

De Sëtz an der rue de Solférino zu Paräis muss aus finanziellen a politesche Grënn verkaf ginn, seet de Caissier Jean-François Debat. Den zolitte Verloscht u Stëmme bedeit fir de PS 100 Milliounen Euro manner déi lescht 5 Joer. Dat wären ¾ vun de Recette vun der Partei.

D'Suen, déi nach do sinn, sollen a politesch Aktioune goen an net an e Gebai gestach ginn.