StolsecteurThyssenkrupp an Tata Steel: Zesummenaarbecht an Europa

Den Industrie-Konzern Thyssenkrupp huet sech op eng Fusioun mam indesche Konkurrent Tata Steel gëeenegt, wat déi europäesche Branche betrëfft.

Dat huet Thyssenkrupp um Mëttwoch de Moie bekannt ginn. Béid Konzerner hunn eng deementspriechend Deklaratioun ënnerschriwwen, fir een Zesummeschloss fir hir europäesch Stolaktivitéiten. D'Verhandlunge solle bis Uganks nächst Joer ofgeschloss sinn. Duerch des Fusioun soll dee gréisste Produzent vu Flaachstol an Europa entstoen. Déi zwee Konzerner rechnen domat, duerch des Kooperatioun Aspuerungen an Héicht vun 400 bis 600 Milliounen Euro ze maachen.

ThyssenKrupp an Tata fusionnéieren / Reportage Frank Elsen



Pro Joer soll den neie Konzern mam Numm Thyssenkrupp Tata Steel, mat Sëtz an der Regioun Amsterdam, een Ëmsaz vun ongeféier 15 Milliarden Euro notéieren an ongeféier 21 Milliounen Tonnen Flaachstol verkafen. Ronn 48.000 Mataarbechter sinn an Zukunft op 34 Sitten beschäftegt. Duerch d'Fusioun riskéieren 2000 Leit hir Aarbecht an de Verwaltungen ze verléieren, an nach emol 2000 Leit an der Produktioun.

Nieft de Verwaltungsréit vun deenen zwee Konzerner muss elo nach d'EU Kommissioun hiren Accord fir des Transaktioun ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.