Schroen Accident zu TréierAuto fält Bréck erof, Kand ageklemmt

Ganz uerg war een Accident en Donneschdeg den Owend géint 20.30 Auer zu Tréier, net wäit ewech vun de Kaiserthermen an der Weimarer Allee.

© Input Presse

Zwee Ween waren aus bis ewell net gekläerter Ursaach frontal aneneegerannt.

Eent vun de Gefierer huet doropshin ee Gelänner vun enger Bréck duerchbrach an ass 4 Meter erof op eng Strooss gefall. De Won ass um Daach leie bliwwen.

Am Auto war ee Kand ageklemmt, dat huet musse vun de Rettungsequippen erausgeholl ginn. Et gouf schwéier verwonnt.

D'Automobilistin konnt selwer aus dem Auto klammen, si gouf liicht blesséiert. Och de Chauffeur vun deem anere Gefier koum mat schwéiere Blessuren an d'Spidol.

Am Asaz ware ronn 50 Pompjeeën. 



Zwee Blesséierter gouf et an engem Accident géint 18.10 Auer en Donneschdeg den Owend zu Zolwer an der Rue Emile Mayrisch. Zwee Autoe waren aneneegerannt.

Géint 4.40 Auer waren och an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg zwee Ween net laanschtenee komm. Hei gouf eng Persoun verwonnt.