War eng Explosioun den Ausléiser?An Nordkorea gouf et nees en Äerdbiewen

E Samschdeg de Moien huet nees de Buedem a Nordkorea geziddert.

© afp
Huet Nordkorea nees en Atomtest duerchgefouert?

D'Fro stellt sech, nodeems China en Äerdbiewe vun der Stäerkt 3,4 am Nopeschland gemooss huet, well den Epizenter zimlech an därselwechter Géigend läit wéi bei engem Biewen Ufank September. Dëst war duerch en Atomtest ausgeléist ginn.

Déi chinesesch Autoritéite schwätze vun enger presuméierter Explosioun. Kuerz virdrun hat et nach geheescht, dass d'Biewen en natierlecht dierft gewiescht sinn.

© afp


Rakéitentester hu fir Opreegung a Japan gesuergt

Zanter Méint provozéiert Nordkorea déi international Communautéit mat Rakéitentester. Bis elo sinn d’Tester virun allem op nordkoreaneschem Territoire gemaach ginn, respektiv sinn d’Rakéiten am Mier gelant. Rezent sinn awer elo direkt zwou Rakéiten iwwert de japaneschen Territoire geflunn an dat ouni Virwarnung. Eng weider Eskalatioun am Nordkorea-Konflikt, dee fir eng ugespaante Situatioun an der Regioun suergt, notamment och an de Nopeschlänner Japan a Südkorea.

Nordkorea provozéiert / Korrespondenz vum Tanja Kinnen