Nordkorea-USASituatioun spëtzt sech zou, US-Bomber iwwer Nordkorea

Virun der UN sot den Nordkoreaneschen Ausseminister, datt eng Rakéitenattack op d'USA "net ze vermeide" wier.

© AFP
"De Besuch vun eise Rakéiten um ganzen Terrain vun den USA ass net ze vermeiden", sot den Ausseminister vun Nordkorea bei senger Ried virun der UN. Et wéilt een präventiv Schrëtt aleeden, wann d'USA géif probéieren, de Sëtz zu Pjöngjang oder d'Militär vun Nordkorea "ze käppen".

De Ri huet weider a senger Ried den Donald Trump als "geeschteskrank" a "gréissewahnsinneg" bezeechent. Dem aktuellen US-President géif et un Allgemengwësse feelen a falls elo Amerikaner an deem Konflikt géifen zu Schued kommen, wier dat eleng dem Donald Trump seng Schold.

Nordkorea géif lues zu enger Nuklearmuecht ginn a géif ganz verantwortlech handelen, huet den Ausseminister Ri weider betount. Si wéilte mat den USA eng Balance an der Muecht hierstellen.

Domadder huet de Representant vun Nordkorea op d'USA reagéiert, déi B-1B-Bomber vu Guam aus an den ëstleche Loftraum vun Nordkorea fléie gelooss hunn. Et wier déi éischte Kéier an dësem Jorhonnert, datt US-Fliger esou wäit am Norde vun der entmilitariséiert Zon tëscht Nord- a Südkorea geflu sinn. Domadder géif een op d'Verhale vu Pjöngjang reagéieren.

"D'Missioun ass eng Demonstratioun vun der amerikanescher Entschlossenheet an e klore Message, datt den US-President vill militäresch Optiounen huet, fir mat all Konflikt fäerdeg ze ginn", heescht et vu Washington.

Um Samschdeg gouf nees en Äerdbiewen an Nordkorea registréiert, ma Experten aus Südkorea ginn dëst Kéier vun engem natierleche Biewen aus.