Demi-Tour am Stau3 Doudeger wéinst Geeschterfuerer op Autobunn zu Rüsselsheim

Bei engem uergen Accident mat engem Geeschterfuerer op der A67 bei Rüsselsheim sinn e Samschdeg den Owend 3 Mënschen ëm d'Liewe komm.

© AFP

De Chauffer vun enger Camionnette hat op der Autobunn Demi-Tour gemaach, well hien op der Héicht vu Rüsselsheim am Stau stoung. Mat héijer Vitesse ass de Mann dunn op der lénker Spur a mat héijer Vitesse dem Verkéier entgéint gefuer a mat engem Gefier aus Holland an aneren Autoen kollidéiert.

D'Camionnette huet sech duerch de relativ heftege Choc iwwerschloen. De Chauffer, e 34  Joer ale Mann aus Polen, gouf schwéier blesséiert.

Am éischten Auto mat den hollännesche Placken sinn déi 3 Passagéier ëm d'Liewe komm. D'Leit an deenen anere Gefierer goufe liicht verwonnt.

Wéi d'Police schreift, kéim et zwar dacks zu Virfäll mat Geeschterfuerer, ma e Chauffer, dee wéinst engem Stau einfach sou Demi-Tour mécht, wier immens ongewéinlech.