Panik zu London6 Mënschen an engem Akafszenter mat Saier blesséiert

Panik e Samschdeg den Owend an engem Akafszenter zu London, 6 Mënschen sinn do mat Saier blesséiert ginn. 3 Affer hu missen am Spidol behandelt ginn.

© AFP Archivbild

D'Police huet e Bouf vu 15 Joer festgeholl. Scotland Yard schléisst en Attentat aus. Aenzeien no, gouf et just virun der Attack, en décke Sträit tëscht zwou Gruppe vu Jonken.

An de leschte Méint gouf et eng ganz Rei Attacken vun där Zort an der britescher Haaptstad. Eleng d'lescht Joer huet d'Police 224 Stéck enregistréiert.

Déi aggressiv Substanzen sinn a Groussbritannien liicht a bëlleg ze kréien.