SchwäizReferendum iwwer Rentereform: Kloren "Nee"

An der Schwäiz war e Sonndeg e Referendum iwwert eng Rentereform, déi éischt zanter 20 Joer. Groussen Deel huet d'Populatioun "Nee" gesot.

© AFP Archivbild

Ëm 12 Auer hunn d'Wahllokaler zou gemaach a kuerz drop haten déi éischt Kantoner schonn d'Resultater.
Déi waren, mat enger Ausnam, alleguerten negativ.

Esou ass et och weider gaangen, 52,69 Prozent vun de Leit ware géint d'Rentereform. 8 Kantonen hu sech fir d'Rentereform ausgeschwat, 18 dogéint. Méi knapp war d'Entscheedung, fir d'TVA z'erhéijen, fir d'Pensioun ze finanzéieren, hei ware 50,05 Prozent vun de Leit dogéint.

Bei der Ernährungssécherheet hunn all d'Kantonen dofir gestëmmt, dat mat 78,73 Prozent vun de Stëmmen.