SomaliaCamion a Bommenattack: Zuel vun Affer klëmmt op 231

Nieft den 231 Doudesaffer goufen och vill Leit duerch d'Aktioun vum Kamikaz blesséiert.

© Archivbild

No engem Selbstmordattentat e Samschdeg zu Mogadishu am Somalia ass d'Zuel vun den Doudegen schonn op 231 geklommen, esou heescht et e Sonndeg Mëtteg aus Police-Kreesser.

De Kamikaz ass mat engem Camion mat voller Vitesse duerch eng Strooss gerannt an huet Motocyclisten an Autoe mat ewech gerappt, déi am Stau stoungen. Duerno huet sech den Chauffeur mam Camion op enger ganz lieweger Kräizung am Zenter vun der Stad an d'Luucht gesprengt.