IrlandHistoreschem Stuerm "Ophelia" huet 3 Doudeger gefuerdert

Alerte Rouge housch et e Méindeg an Irland a Groussbritannien. De Stuerm "Ophelia" huet an Irland dann och 3 Doudesaffer gefuerdert.

© AFP

Wéi et vun der Police heescht, gouf e Méindeg de Mëtteg ee Mann am Oste vum Land vun engem Bam erschloen, do virdrun war eng Automobilistin am Süde vun Irland och vun engem Bam erschloe ginn.

De Stuerm war e Méindeg de Moie mat Wandvitesse vu bis zu 150 Kilometer an der Stonn ënnerwee.



Lues awer sécher normaliséiert sech d'Situatioun an Irland nees. Schoulen bleiwen nach een Dag zou, mä den ëffentlechen Transport soll nees fonctionnéieren. Och de Fluchhafen vun Dublin geet nees op.

Op ville Plazen sinn d'Leit awer nach ëmmer ouni Stroum.