Rekord12 Tonne Kokain a Kolumbien saiséiert

A Kolumbien gouf déi gréissten Decouverte vu Kokain an der Geschicht vum Land gemaach.

Wéi de kolumbianesche Staatschef bekannt ginn huet, huet d'Police op enger Banannen-Plantage am Nordweste vum Land 12 Tonnen Kokain mat engem Maartwäert vun ëmgerechent ronn 310 Milliounen Euro saiséiert.

D'Drogen hunn dem Clan del Golfo gehéiert, der gréisster krimineller Band a Kolumbien.

Nach ni virdrun, an deene 40 Joer, wou géint den Drogenhandel gekämpft gëtt, wier sou eng grouss Quantitéit u Kokain fonnt ginn, sou de Juan Manuel Santos viru Journalisten.

Mat dëser Decouverte goufen dëst Joer schonn iwwer 360 Tonne Kokain aus dem Verkéier gezunn.