USARestaurante mussen an Zukunft Kalorien op Menüskaart uginn

An den USA mussen d'Restauranten an Zukunft op d'Menüskaart dobäi schreiwen, wéi vill Kalorien an deene verschiddene Platen dra sinn.

Dës Reguléierung gouf nach ënnert der Regierung vum viregte President Obama decidéiert a gëtt elo ënnert der neier Regierung vum Donald Trump ëmgesat.

Si trëtt am Mee d'nächst Joer a Kraaft.

D'Zil dovunner ass, géint d'Iwwergewiicht, mat deem di amerikanesch Populatioun ze kämpfen huet, virzegoen.

Och Supermarchéen an Tankstellen, déi Iesswueren offréieren, a Liwwerservicer sinn an Zukunft obligéiert, d'Zuel vun de Kalorien unzeginn.