Persounen op der PistHamburger Fluchhafe war gespaart, Flich goufen ëmgeleet

Et wiere Persounen, déi aus Däitschland ausgewise sollte ginn, fortgelaf a wieren esou op d'Pist vum Fluchhafe komm.

Fir ronn 1 Stonn war de Fluchhafen zu Hamburg gespaart, well zwou Persounen, déi aus Däitschland ausgewise sollte ginn, konnte fortlafen an esou op den Tarmac koumen, esou déi däitsch Bildzeitung. Kuerz virun 22 Auer konnt d'Sperrung vum Fluchhafen awer nees opgehuewe ginn.