USASenatskandidat soll 14 Joer aalt Meedche belästegt hunn

An den USA ass e republikanesche Senatskandidat wéinst sexuelle Belästegungsvirwërf ënner Drock.

Den ultrakonservative Roy Moore aus dem Alabama kritt vun enger Fra reprochéiert, si mat 14 Joer bei sech doheem bis op d'Ënnerwäsch ausgedoen ze hunn a begrapscht hunn. Eng Rei Republikaner hu sech schonn vum haut 70 Joer ale Politiker distanzéiert. Den US-President Donald Trump huet en opgefuerdert, seng Kandidatur zeréckzezéien, sollte sech d'Reproche confirméieren.