Accident?Auto fiert zu Berlin op Grupp vu Leit duer

Zu Berlin soll e Freideg den Owend ee Mann mat engem gelounten Auto versicht hunn, an ee Grupp Mënschen ze rennen.

D'Persoune konnte sech, den Zeien no, just mat engem Sprong op d'Säit retten. Duerno ass de Chauffeur ëmgedréint a geflücht.

Den Inneministère zu Berlin schwätzt den Ament awer vun engem Accident mat Fahrerflucht: "Ein Verkehrsunfallflucht mit besonderen Umständen".

Elo huet de Staatsschutz eng Enquête lancéiert.