Massaker zu Las VegasPlainte géint Concert-Organisateur an Hotelsgrupp Mandalay

Honnerten Affer vum Massaker zu Las Vegas hunn elo Plainte géint den Organisateur vum Concert den 1. Oktober gemaach a géint den Hotelsgrupp Mandalay.

© AFP

Dat wéinst de Lacunen bei der Sécherheet. Wéi d’Affekoten vun den Affer erkläert hunn, géife Leit, déi op Concerte ginn, dovun ausgoen a Sécherheet ze sinn, dat wier zu Las Vegas net de Fall gewiescht. 58 Persoune si bei der Attack vum Stephen Paddock erschoss ginn. Bal 500 blesséiert ginn.