JapanFra verstoppt 4 Bëbee-Läichen an Eemere mat Bëtong

Eng Japanerin soll d'Läiche vu 4 vun hire Bëbeeën an Eemere verstoppt hunn, déi mat Bëtong gefëllt waren. Si konnt net fir hir Kanner suergen.

Déi 53 Joer al Fra ass um Dënschdeg festgeholl ginn, nodeems si sech der Police vun Osaka gestallt huet. Si huet zouginn, 4 doudeg Puppelcher an Eemere verstoppt a mat Bëtong iwwerschott ze hunn.

Dat Ganzt hätt scho virun 10 Joer ugefaangen. D'Kanner wären tëscht 1992 an 1997 gebuer. D'Fra hätt Angscht gehat, net fir hir Kanner suergen ze kënnen. 

Firwat si sech gestallt huet, ass nach net kloer. Si lieft eleng mat hirem Bouf. "Ech hat keen, mat deem ech schwätze konnt", sot si.