SPD-ParteidagMartin Schulz krut Feu Vert fir Gespréicher mat der Unioun

D'SPD hat op hirem Parteidag driwwer decidéiert, ob mat der Unioun Gespréicher solle gefouert ginn en vue vun enger Zesummenaarbecht op Regierungsniveau.

© AFP

Stonnelaang hu sech d'Debatten um Parteidag vun der SPD an Däitschland gezunn. No der Parteileedung koumen dunn och déi 600 Delegéiert zur Conclusioun, datt d'Sozialdemokrate sollen mat CDU/CSU iwwert eng Regierungsformatioun verhandelen. Gespréicher, wou den Ausgang awer op soll bleiwen.

Deemno gëtt et d'Méiglechkeet vun enger grousser Koalitioun, enger Minoritéitsregierung ënnert der Kanzlerin Angela Merkel oder eben Neiwahlen.

De Martin Schulz ass en Donneschdeg den Owend och mat 81,9 Prozent als Partei-Chef erëmgewielt ginn. 

Schonn e Mëttwoch wëllen d'SPD an d'Unioun fir éischt Gespréicher beienee kommen. Si sollen awer nach net den offiziellen Optakt vun de Sondéierungsgespréicher sinn. Erwaart gëtt awer, dass eng Agenda fixéiert gëtt, fir déi weider Rendez-vousen.

Den SPD-Virstand wëll de 15. Dezember driwwer decidéieren, ob Uganks Januar formell Sondéierungsgespréicher kënnen ufänken. Den CDU-Virstand kënnt e Sonndeg den Owend beieneen, fir ze kucken wéi et weider geet.

D'Gespréicher dierften net einfach ginn. D'SPD huet nämlech schonn duerchblécke gelooss, dass een d'Lat ganz héich wéilt leeën.