KalifornienCannabis als Medezin ... a fir de Genoss

A Kalifornien dierf zanter dem 1. Januar de Cannabis net nëmme fir medezinesch Zwecker benotzt, mä och als Genossmëttel konsuméiert ginn.

D'Substanz kann deemno och ouni Ordonnance vum Dokter kaaft ginn.

Stonnelaang hu verschidde Leit drop gewaart, fir endlech kënne legal dës Drog ze kafen. Amerikanesche Medie mellen, dass sech verschidde Keefer schonn déi viregt Nuecht an d'Waardeschlaang gestallt hunn.

Vun 21 Joer un duerf jidderee bis zu 28,3 Gramm kafen a maximal 6 Cannabisplanzen uplanzen.

Fir de Commerce allerdéngs ass eng Lizenz néideg, déi de Bundesstaat ausstellt.

Doriwwer eraus duerfen d'Gemenge selwer decidéieren, wéi eng Oploen néideg sinn oder ob si den Handel komplett verbidden.



Kalifornien ass dee bis elo gréissten amerikanesche Bundesstaat, dee Cannabis net nëmme fir medezinesch Zwecker mä generell fräi gëtt. Dem amerikanesche Gesetz no bleift Drog awer och weiderhi verbueden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.